Listen to RTL-Interview about C4L key messages
Divers
Den Direkter vum Cluster fir Logistik, Malik Zeniti war um Méindeg de Moien Invité vun der RTL-Redaktioun.
"Et ass eng Success-Story – de Secteur huet sech wierklech immens gutt entwéckelt."
Dat sot den Direkter vum Cluster for Logistics um Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De Malik Zeniti huet op 10 erfollegräich Joren zeréck gekuckt, déi et de Cluster elo schonns gëtt.
Wärend där Zäit wier et ënnert anerem gelongen, d’Logistik als Fach am Secondaire technique anzeféieren. Déi éischt Jonk déi eng Léier dodran gemaach hunn, ginn dëse Summer fäerdeg.
Fir méi gewuer ze gin, klickt den Link zum Interview.